1. Dir könnt Är EXTRA-KAART an allen RENMANS-Metzlereien benotzen. Är EXTRA-KAART gëtt an allen RENMANS-Metzlereien akzeptéiert.

2. D’EXTRA-KAART as gratis, ouni Kaafzwang, a kann un all Persoun, déi hir 18 Joer vervollstännegt huet, ausgehändegt ginn. D’EXTRA-KAART ass verbonnen mat engem Umeldeformular, den ausgefëllt gëtt. Ass dësen Formular nët vollstänneg ausgefëllt, behält RENMANS sech d’Recht vir, dës Ufro nët auszeféieren. De Besëtzer vun der EXTRA-KAART verpflicht sech all Ännerungen, vun de Renseignementer, déi bis elo am Formular gemaach goufen, virun allem all Adressenännerungen, der Metzlerei, wou hien sech ageschriwwen huet i.e. Member-Metzlerei, direkt matzedeelen

3. D’Extra Kaart ass perséinlech, kann net iwwerdroen an net mat aneren EXTRA Kaarte mat enger anerer Nummer kumuléiert ginn . Si kann esou gutt op eng natirlech Persoun, wéi och op eng juristech Persoun ausgestallt ginn.

4. D’EXTRA-KAART kann op kee Fall als Kreditkaart- oder als Garantie benotzt ginn.

5. D’EXTRA-KAART bleift Eegentum vun de RENMANS-METZLEREIEN, déi sech ënnert folgender Adresse zentraliséiert hunn: Route de Luxembourg (Lëtzeburger Strooss), 216, 3401 Diddeléng. D’RENMANS-METZLEREIEN behalen sech d’Recht vir, d’Ausstellen vun den Clientskaarten “EXTRA-KAART” oder d’Aktioun ze stoppen. D’Besëtzer vun der EXTRA-KAART, kréien dann déi Punkten, déi si bis zu dësem Zäitpunkt gesammelt hunn, guttgeschriwwen.

6. Fir vun de Virdeeler ze profitéieren, muss d’EXTRA-KAART virum Ofschloß vun der Rechnung präsentéiert ginn.

7. D’Virdeeler vun der EXTRA-KAART bestinn konkret aus dem Usammlen vu Punkten pro Akaafstranche, laut den Annoncen vun den eenzelen Verkaafsstellen.

8. De Géigenwert vun dëse Punkten gët folgendermoßen berechnet: All Punkt huet e Wäert vun € 0,01 a gëtt op dem Akaafswäert vun € 4,00 verginn. De Gesamtwäert vun dem EXTRA-KADO-CHECK i.e. € 4,00 kann bei der RENMANS Member-Metzlerei ageléist ginn. Den EXTRA-KADO-CHECK ass 3 Méint gëllteg a kann nëmmen ënner Virweisen vun der EXTRA-KAART an der RENMANSMember- Metzlerei ageléist ginn. D’RENMANS-Metzlereien, bei denen en nët ageschriwwen ass, awer akeeft, verginn d’Punkten am Optrach vun der RENMANS-Members-Metzlerei. Handelt et sech em en Akaaf an enger anerer RENMANS-METZLEREI, ewéi d’ RENMANS-Member-Metzlerei, ass eng Frist vun 48 Stonnen néideg fir d’Comptabilisatioun vun de Punkten. D’RENMANSMetzlereien behalen sech d’Recht vir, zou jidder Zäit den Unitéitswäert vun de Punkte, ewéi och de Gesamtwäert vum EXTRAKADO- CHECK ze änneren. D’Ausbezuelen vum EXTRA-KADO-CHECK ass ausgeschloß.

9. Gëtt d’EXTRA-KAART méi laang wéi 6 Méint net méi benotzt, kann dës annuléiert ginn. Ass dëst de Fall sinn déi Punkten, déi bis zu dem Zäitpunkt gesammelt goufen, verluer.

10. Gëtt d’EXTRA-KAART verluer oder geklaut, kann eng nei Kaart, no Ausfëllen vun engem Umeldeformular an enger RENMANS-Metzlerei ugefrot ginn.

11. D’RENMANS-Metzlereien behalen sech d’Recht vir, am Fall vu nët legalem Benotzen vum System, all EXTRAKAART ze entwerten, ofgesinn vun enger Uklo virum Gericht. Am Fall vun enger Kontroll ass eng entspriechend Idenditéitskaart virzeweisen.

12. Trieden Problemer beim Benotzen vun der Kaart op, kann de Besëtzer vun der EXTRA-KAART, Telefonsnummer 00800/1900-2000 urufen oder sech schrëftlech un de CENTRE RENMANS duerch d’Säit www.renmans.lu oder per Bréif un d’folgend Adresse : route de Luxembourg, 216, 3401 Diddeléng wennen. Hei gëtt dann versicht, sou schnell wéi méiglech de Problem aus der Welt ze schafen, ouni dass Schuedensusprech gestellt können ginn.

13. Den Verwalter vun der Datenbank fir EXTRA-KAART as S.A. BRABHOLD, Grand’Place 2 zu St. Symphorien (7030) Belsch.

14. D’RENMANS-METZLEREIEN behalen sech d’Recht vir, dës Allgeméng Konditiounen ze änneren, ouni datt den Member Recht op irgend eng Indemnitéit huet. Wann den Member déi nei Konditiounen nët aktzeptéiert, kann hien ouni weider Formalitéiten der RENMANS-Member-Metzlerei Beschéid ginn, déi dann seng Memberskaart annuléiert.

D’Benotzen vun der EXTRA-KAART gëtt no dësem Reglement a nom lëtzeburger Recht gehandhabt. Am Fall vun engem Litige, as nëmmen d’Gericht vu Lëtzebuerg kompetent.