Aarbechtsplaze

Wéi sollt dir är Kandidatur maachen ?

Rendezvous an onser Rubrik Aarbechtsplaze, an do fannt dir mat e puermol klicken d'Aarbechtsplazen, déi et an äerer Géigend ginn.Dir kënnt ons och eng spontan Kandidatur direkt op onse Site iwwer de Formular adresséieren, deen an der Rubrik Aarbechtsplaazen ass.A schliesslech ass et méiglech, är Kandidatur ze maachen iwwer d'Telefonsnummer 00800/1900 2000.

Eng Fro stellen

Trei

Wéi kritt een eng Extra Kaart ?

D'Extra Kaart kritt een op Nofro bei onse Mataarbechter an der Metzlerei. Dir kritt si a kënnt si direkt gebrauchen.

Eng Fro stellen

Wat sinn Extra Punkten ?

D'Extra-Punkte belounen Är Trei doduerch, dass Dir spuere kënnt.FONCTIONNEMENT :Pro Akafstranche vun 4€ kritt dir 5 Extra Punkten, deen op är Extra Kaart iwwerdroe gëtt (wéi kritt een eng Extra Kaart ?).Zousätzlech Extra-Punkte kritt Dir beim Kaf vu gewësse Produiten, déi an der Extra-Promotioun sinn. Déi gesamt Extra-Punkte sinn op Ärem Keessenziedel fir d'Akeef vu Produiten aus der Téik ze gesinn, déi Dir an der Metzlerei akaft, an déi Dir ëmmer gitt.Wann Dir Är E-Mail-Adress matgedeelt hutt (gitt Är E-Mail-Adress an), da kritt Dir:
- Promotiounen op ganz interessant Artikelen, zousätzlech zu deenen, déi Dir am Folder/an der Téik fannt*.
- Zousätzlech Extra-Punkte fir Äre Gebuertsdag*.
- Dir gitt als éischt iwwert eis Concoursen informéiert.
- Informatiounen iwwert Är Metzlerei.
*D’Extra-Punkte fir de Kaf vun dëse personaliséierte Promotiounsoffere stinn net op Ärem Keessenziedel. Et dauert mindestens 2 bis 5 Deeg bis dës Extra-Punkten op Är Kaart gesat ginn.

Wann Dir 400 Extra-Punkten hutt, gëtt en Extra-Scheck am Wäert vu 4 € no Ärem Keessenziedel ausgedréckt. Dir kënnt e benotze bei Ärem nächsten Akaf. En ass 3 Méint laang gülteg an all onse Renmans-Metzlereien an der Belsch an am Groussherzogtem Lëtzebuerg.

Eng Fro stellen

WÉI KËNNT DIR VU MÉI VIRDEELER PROFITÉIERE WANN DIR EIS ÄR E-MAIL-ADRESS GITT?

Prérequis: Ier Dir eis Är E-Mail-Adress gitt, musst Dir eng Extra-Kaart hunn (wéi kritt een eng Extra-Kaart?)
Wann dir schonn eng Extra-Kaart hutt, da gitt Är E-Mail-Adress op www.renmans.be/extra un. Fëllt den Aschreiwungsformular mat der Nummer vun Ärer Extra-Kaart (op der Récksäit vun Ärer Kaart uginn) an Ären Donnéeën aus.
Dir kritt per E-Mail:
- Promotiounen op ganz interessant Artikelen, zousätzlech zu deenen, déi Dir am Folder/an der Téik fannt.
- Zousätzlech Extra-Punkte fir Äre Gebuertsdag.
- Dir gitt als éischt iwwert eis Concoursen informéiert.
- Informatiounen iwwert Är Metzlerei.

Eng Fro stellen

D'Zomm vu mengen Extra Punkten ass net op mengem Keessenziedel uginn

D'Zomm vun äeren Extra Punkte steet op äerem Keessenziedel vun de Keef, déi dir an der Referenzmetzlerei gemaach hutt.Eng Metzlerei gëtt är Referenzmetzlerei no zwee Keef noeneen op dëser Verkafsplaz an an engem Interval vun 48 Stonnen un.Et ass och an äerer Referenzmetzlerei wou dir är Extra Schecke kritt.

Eng Fro stellen

ECH KRUT KENG PUNKTEN NOM KAF VUN ENGER PERSONALISÉIERTER OFFER DÉI ECH PER E-MAIL KRUT

Am Géigendeel zu den “normalen” Extra-Punkten, déi Dir an der Téik/am Folder fannt:

  • ginn d’Extra-Punkte fir de Kaf vun dëse personaliséierte Promotiounsofferen, déi per E-Mail geschéckt ginn, net op Ärem Keessenziedel ugewisen. Et dauert mindestens 2 bis 5 Deeg bis dës Extra-Punkten op Är Kaart gesat ginn. Op Ärem Keessenziedel gesitt Dir se also net.
  • kritt Dir eng Bestätegung iwwer E-Mail wann d’Punkten op Är Kaart gesat goufen.

Eng Fro stellen

Ech krut d'Extra Punkten net fir mäi Gebuertsdag.

Liest nach eng Kéier är E-Mail, déi iech dës Punkten ugëtt. Hutt dir wierklech e Kaf während 6 Deeg virun äerem Gebuertsdag gemaach ?Wa jo, ginn d'Extrapunkten, déi dir fir äere Gebuertsdag offréiert kritt, am Duerchschnëtt 4 Deeg no äerem Kaf zougesat.

Eng Fro stellen

Ech hu meng Extra Kaart verluer, wat soll ech maachen ?

Dir braucht nëmmen eng nei Extra-Kaart bei onse Mataarbechter an der Metzlerei ze froen. Fir Punkten, déi op Ärer verluerener Kaart sinn erëm ze kréien, fëllt de Formular aus, deen Dir am Espace Kaart verluer bei “Mäi Kont” erofluede kënnt. Da ginn d'Extra-Punkte vun Ärer aler Extra-Kaart op déi nei iwwerdroen.Wann Dir d'Nummer vun Ärer aler Kaart net wësst, probéiere mir, se op Grond vun Ären Donnéeën erëm ze fannen, wann Är Aschreiwung am Ufank komplett war.

Eng Fro stellen

Ech hu meng Kaart vergiess. Kann een awer meng Punkten dobäi rechnen ?

Jo. Frot onst Personal, e Stempel op d'Récksäit vum Ticket ze setzen. Är Punkte kënne bei Ärem nächsten Akaf op Presentatioun vun dësem Ticket dobäigerechent ginn.

D'Punkten, déi Dir kritt, wann Dir eng personaliséiert Offer kaaft, déi Dir per E-Mail kritt hutt, kënnen allerdéngs nëmme bei der Presentatioun vun der Kaart zum Zäitpunkt vum Akaf dobäi gerechent ginn. Duerno kënne mir dës Punkten net méi bäiginn.

Eng Fro stellen

Ech géing gär de Boni vu menge Punkte wëssen.

Mat der Nummer vun äerer Extra Kaart (oder äerem Login) an dem Passwuert drot iech bei äerem Extra Club an (erreechbar um Site www.renmans.lu ganz uewe riets). Klickt dann op de Knapp « meng Punkten » fir de Boni an d'Historik vun äeren Extra Punkten ze kucken. 

Eng Fro stellen

Wéi kann ech meng Koordinaten, E-Mail Adress à jour setzen ?

Loggt Iech mat der Nummer vun Ärer Extra-Kaart (oder Ärem Login) an Ärem Passwuert an Äre Kont an (erreechbar um Site www.renmans.lu ganz uewe riets). Klickt dono op Meng perséinlech Donnéeën fir Är Donnéeën ze aktualiséieren.

Eng Fro stellen

Ech hu mäi Passwuert vergiess, an elo ?

Gitt op d’Startsäit vum Site www.renmans.lu. Klickt op de Link Passwuert vergiess? beim Zougang zu “Mäi Kont” (ganz uewe riets). Äert neit Passwuert gëtt Iech an den nächste Minutten iwwer E-Mail geschéckt.

Eng Fro stellen

Kréien ech d'Newsletter net méi ?

Et kënnen e puer Ursaache fir dëse Problem ginn :- Dir hutt är E-Mail Adress geännert a mir wëssen dat net. Changéiert är perséinlech Donneeën fir d'Renmans Newsletter erëm ze kréien. (Wéi setzen ech meng Koordinaten, E-Mail Adress, à jour ?)- Dir hutt en anere PC oder äere PC anescht configuréiert, esou dass äere System ons E-Maile net méi unhëllt. Kontaktéiert an dësem Fall äeren Informatiker.

Eng Fro stellen

Ech kréien d'Newsletter an enger anerer Sprooch, och wann et virdrun déi richteg wor.

Uewen op äerer wöchentlecher Newsletter hutt dir d'Méiglechkeet, d'Sprooch ze änneren. Vläicht hutt dir dat gemaach ouni opzepassen. Wéi och ëmmer, dir kënnt d'Sprooch iwwer de Link änneren, deen uewen op der Newsletter ass, oder iwwer d'Ännere vun äerer Referenzsprooch an äere perséinlechen Donneeën. (Wéi setzen ech meng Koordinaten, E-Mail Adress, à jour ?)

Eng Fro stellen

Rotschléi

Wat fir eng Quantitéit Fleesch soll ee pro Persoun virgesinn ?

Am allgemenge gesäit een 200 Gr. Fleesch pro Persoun vir, esou guer 250 bis 300 Gr.  je no äerer Entrée oder dem Appetit vun de Gäscht.

Eng Fro stellen

zerwisser

Kann een doheem beliwwert ginn ?

Neen. Mir sinn net équipéiert fir an d'Haus ze liwweren. Mir hunn nämlech keng Killgefierer a kënnen duerfir d'Killketten esou net garantéieren.

Eng Fro stellen

Kann een Produite vun iech ënner Loftverschloss kréien ?

Neen, mir konditionnéieren näischt ënner Loftverschloss.

Eng Fro stellen

Kann ee bestellen ?

Jo. Gitt är Bestellung spéitstens den Owend* virun äerem Besuch an der Metzlerei op :- Entweder andeem dir iech direkt un ee vun onse Mataarbechter an der Metzlerei adresséiert.- Oder iwwer Telefon an är Metzlerei; d'Nummer steet uewen op äerem Ticket.Dee selwechten Dag, gitt direkt bei d'COMMANDE, wou ee vun onse Mataarbechter iech emfänkt. Bezuelt an huelt är Bestellung mat ouni an der Schlaang ze stoen.Gitt op d'Säit Schnellbestellung*Fir méi rar Artikele gëtt iech e méi laangen Délai gefrot.

Eng Fro stellen

Kann een online bestellen ?

Neen. Et ass den Ament net méiglech online ze bestellen, mä dëse Projet ass amgaang analyséiert ze ginn.

Eng Fro stellen

Kann een Apparater fir d'Fondue, d'Raclette lounen... ?

Neen. Mir verloune guer keng Apparater.

Eng Fro stellen

U wie kann ech mech wende fir Sponsoring oder Tombolaslousen ?

Wéinst der Zuel vun den Demanden, déi mir ophuelen, maache mir weder Sponsoring nach Annonce mat Reklammen.Wann dir awer eng Tombola organiséiert, schécke mir iech e puer Lousen.Adresséiert ons duerfir eng Demande iwwer d'Rubrik Kontakt vun onsem Site.

Eng Fro stellen

Gëtt et Ofschléi fir d'Festdeeg ?

Ons allgemeng Bedéngunge fir Keef a méi grousser Quantitéit ginn et an der Rubrik Promotioune vun dësem Site.Wann d'Quantitéite vill méi grouss sinn ewéi dat wat mir an dëser Rubrik uginn, adresséiert är Demande iwwer d'Rubrik Kontakt oder rufft ons un op der Nummer 00800/1900 2000.

Eng Fro stellen

Gëtt et Reduktioune fir Jugendbewegungen ?

Jo. Fir d'Jugendbewegungen ginn zousätzlech Virdeeler erdeelt. Adresséiert är Demande iwwer d'Rubrik Kontakt un ons oder rufft ons op der Nummer 00800/1900 2000 un.

Eng Fro stellen

Wat ass d'Reklamm vun dëser Woch ?

Consultéiert d’Rubrik Eis Promotioune fir iwwert d’Publicitéite vun der Woch informéiert ze sinn.
Wann Dir eis Är E-Mail-Adress matgedeelt hutt (gitt Är E-Mail-Adress un), da kritt Dir eis Promotioune vun der Woch an eis Bonge fir auszedrécken an eiser Newsletter. Loggt Iech mat der Nummer vun Ärer Extra-Kaart (oder Ärem Login) an Ärem Passwuert an Äre Kont an (Zougang iwwert de Site www.renmans.lu, uewe riets). Klickt op Meng Newsletter.

Eng Fro stellen

Ginn Iessensbongen ugeholl ?

Jo. Fir är Keef ze bezuelen, ausser boer, huele mir déi folgend Bezuelméiglechkeeten un :- D'Iessensbongen- D'Bankkaart

Eng Fro stellen