• 1

    D'Découpe op Wonsch, d'Qualitéit och am Service.

    Bei Remans gitt Dir vun engem richtege Metzler zerwéiert. Dir profitéiert vu senger Erfahrung a sengem Know-How. Zéckt net fir hien no Rotschléi ze froen. Dir kënnt hien och no enger Découpe vum Fleesch froen, déi op Är Besoinen ugepasst ass. Bei Renmans wielt Dir Äert Stéck Fleesch an seng Coupe aus.

  • 2

    Gehacktes banne 24 Stonne verkaf

    D'Gehacktes, wat mir fabrizéieren a wat mir bei ons Spezialitéiten derbäi ginn gëtt vun onse Metzleren an a jidfer Metzlerei e puermol am Dag fabrizéiert.
    Wa mir esou schaffen adaptéiere mir ons Produktioun no ärem Wonsch a mir proposéieren ëmmer Gehacktes vun enger Frëscht ouni Feel.
    Wann onst Gehacktes net bannent 24 Stonne verkaf ass, zéie mir et aus dem Verkaf zréck. Aus dësem Grond fannt dir ni Méindes muerges bei ons Produkter op Basis vu Gehacktes vu Samschdes.
    Dat ass ons Aart a Weis, fir iech all Dag déi frëschste Produiten ze garantéieren.

  • 3

    Eng richteg traditionell Metzlerei wou all d'frëscht Fleesch op der Plaz preparéiert gëtt.

    Och mat méi wéi 300 Metzlereien an der Belsch an zu Lëtzebuerg sinn d'Renmans-Metzlereien traditionell Metzlereie bliwwen. All Metzlerei huet hiren eegenen Atelier an all déi néideg Apparate fir d'Preparatioun vun all Zorte vu frëschem Fleesch a Spezialitéiten. Mir garantéieren eng irreprochabel Frëscht. A wann e Produit net méi an der Téik disponibel ass, preparéiert Äre Metzler et séier fir Iech.

  • 4

    Dat eenzegt, wat mir bei d'Gehacktes ginn

    D'Gehacktes, wat mir all Dag virbereeden, ass frëscht Fleesch, an nëmmen frëscht Fleesch.
    Ausser e puer ausgewielte Gewierzer gi mir ni Waasser, Mëllech, Eeër, Panéiermiel, Farwstoffer, Konservéierungsmëttel oder irgenden anere Produit derbäi.
    Et ass dat selwecht Gehacktes, wat dir an onsen Zoossissen an onse Préparatioune fannt.
    Wann dir onst Gehacktes kaaft bezuelt dir nëmme frëscht Fleesch, a soss näischt. Dat ass et, Wiechter vun der Qualitéit ze sinn.

  • 5

    Kee Gefréierschaf

    Mir schaffen nëmmen mat frëschen Fleesch. Aus dësem Grond gëtt et kee Gefréierschaf an onse Metzlereien an et wäert och ni ee ginn.
    Fir iech eng Frëscht ouni Feel ze garantieren liwweren ons Liwweranten d'Fleesch an jidfer vun onse Metzlereien e puermol an der Woch, fir dass ons Metzleren all Dag d'Fleeschwueren a Spezialitéieten, déi mir iech proposéieren, preparéiere kënnen.
    Wann dir et wënscht, kënnt dir ons Produiten (*) a vollem Vertrauen afréieren. Dat ass et, fir iech all Dag déi frëschste Produiten ze garantéieren.
    (*) ausser Rëndszong a Rëppercher, déi heiansdo gefruer geliwwert gi kënnen. An deem Fall ass dat op der Etikett an der Metzlerei uginn.

  • 6

    Keen Ofschlag op der Qualitéit

    Wann e Produit an der Promo ass geet nëmmen de Präis erof. D'Qualitéit bleift ! D'Fleesch wat dir an der Promotioun kaft ass streng vun derselwechter Qualitét wéi déi, déi dir d'ganzt Joer iwwer zum Dagespräis kaft.
    Esouguer bei der Promotioun bleiwe mir " de Wiechter vun der Qualitéit ".

  • 7

    Kuerz Strecken

    Fir iech eng Frëscht ouni Feeler ze garantéieren, privilegiéiere mir déi kierzte Weeër. Déi meescht vun onse frësche Fleeschwueren ginn direkt aus dem Schluechthaus an ons Filiale geliwwert. Mir limitéieren esou d'Zwëschenhändler, d'Stockéieren an ongënschteg Transporter.
    Dat ass eppes, dat ons erlabt, iech all Dag déi frëschste Produiten virzeschloen !

  • 8

    Händschen a Mask fir d'Virbereedungen op Basis vu Gehacktes

    Fir d'Gehacktes ze fabrizéieren an all Preparatiounen op Basis vu Gehacktes mussen ons Mataarbechter eng Mask an Händschen droen. Dat erlaabt ons, d'Fleesch an de beschte Bedéngunge fir d'Hygiène unzepaken.

    Eis Vendeusen a Vendeure doen eng Händsch u fir d’Fleesch aus der Téik ze huelen.
    No all Client geheie si d’Händsch wech an doen eng nei Händsch un.

    Dat ass ons Aart a Weis fir Iech Produite vun der beschter Qualitéit ze garantéieren.

  • 9

    Kontroll vun der Qualitéit

    An onsem Beruff ass d'Hygiène wesentlech. Dat ass firwat mir ganz streng Normen ageféiert hunn. Ons Mataarbechter ginn dauernd forméiert fir gewëssenhaft dës Normen unzewenden.
    Fir ons e perfekte Respekt vun dëse Normen an all onse Metzlereien ze versécheren ginn dës Kontrolle regelméisseg gemaach. Op der enger Säit maache mir intern Kontrollen : den Zerwiss von der Qualitéit vun der Gesellschaft geet all Dag duerch d'Land fir Prouwen an onsen Akaafszentralen ze huelen. Op der anerer Säit loosse mir eng extern Gesellschaft, déi onofhängeg ass, zousätzlech Kontrolle un der Hygiène a Qualitéit an onse Verkafsplazen maachen.
    Esou gëtt a jidfer Metzlerei e puermol am Joer kontrolléiert fir iech all Dag eng Hygiène an eng Frëscht ouni Feel ze garantéieren.

  • 10

    Solidaritéit fir Leit, déi wierklech näischt hunn

    An onsem Land ginn et all Dag dausende vu Leit, déi d'Chance net hunn, vun enger gudder Molzecht ze profitéieren. Mi hunn do eng Roll ze spillen fir deene Leit ze hëllefen.
    Dofir ënnerstëtze mir am Groussherzogtem d'Associatioun Stëmm vun der Strooss. Mir hëllefen hinnen andeem mir hinnen all Mount Fleesch fir e puer honnert Molzechte schenken. An do gëtt et och keng Konzessiounen : mir schenken hinne Fleesch vu beschter Qualitéit , dat selwecht, wat dir an onze Buttecker fannt.
    Stëmm vun der Strooss : 2 Zentren, déi d'ganzt Joer op sinn, e puer dausend vu virbereet an ausgedeelt Molzechten, an och verschidden Hëllefen a Rotschléi un déi Leit , déi guer näischt hunn.

  • 11

    MIR SINN ËMMER OPMIERKSAM OP ÄR REMARQUEN A KOMMENTAREN.

    Är Meenung interesséiert eis.
    Duerch eis konstant Sondagë verbessere mir d'Qualitéit an de Service... fir Iech.

    All Dag gi Sondagen iwwert d'Zefriddenheet per E-Mail geschéckt.
    Mir bauen e privilegiéierte Kontakt mat all Client op deen eng Remarque oder eng Reklamatioun mécht.

    Eng gratis Telefonsnummer (00 800 1900 2000) steet zur Verfügung fir e personaliséierte Suivi.